De Site www.kulturgeschicht.lu baséiert op der Virliesungsrei “Kulturgeschicht Lëtzebuerg”, organiséiert vum Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschafte vun der Universitéit Lëtzebuerg.
Ausgewielten Auteuren hunn zu hirem Themeberäich Virträg gehalen, déi duerno didaktesch opbereet an zesummegefaasst goufen, fir d’Gréisst an den Niveau vum Text de Schülerinnen a Schüler unzepassen.
Zu ënnerschiddleche Beräicher vu Lëtzebuerg gi vill Informatiounen a Quellen ugebueden. Online si schon Kapitel zu der Geschicht vu Lëtzebuerg, der Wirtschafts- a Sozialgeschicht, der Sproochegeschicht, der Theaterentwéckulung an der Mediegeschicht.
Fir dës Woch ginn elo weider Facettë vun der Lëtzebuerger Kulturgeschicht ugebueden; ë. a. Dossieren zu dem immaterielle Kulturierwen um Beispill vun der Iechternacher Sprangprozessioun, der Kulturpolitik, awer och vun der Literaturgeschicht, dem Juddentum a Lëtzebuerg an der Sportsgeschicht.