Lëtzebuerger Lidder

Nei a modern arrangéiert

Mam Projet mimamu.lu ënnerstëtzt de SCRIPT d’musikalesch Efforten an de Grondschoulen. De Léierpersoune gi praktesch Hëllefstellunge wéi Lidder, Boomwhackers, Body-Percussioun a villes méi zur Verfügung gestallt, esou datt jiddereen an der Klass musizéiere kann.

Fir dës speziell Woch wäert d’mimamu-Equipp Stécker komponéieren an nei arrangéieren, déi sech ganz am Zeeche vum Lëtzebuerger Patrimoine befannen. Patrimoine huet heefeg dat falscht Bild vum Verstëbsten, Alen… dat stëmmt awer net an eis nei Arrangementer solle weisen, datt Patrimoine och frësch a modern ka sinn; wéi z. B. d’Lidd vun der Sprangprozessioun ganz nei opbereet, eege Kompositiounen a villes méi. Loosst iech iwwerraschen!

Kuerz virun der Woch vum 07. Juni wäerten an der mimamu-Datebank ënnert dem Stéchwuert „Patrimoine“ ganz nei Museksmaterialien zur Verfügung stoen, déi während dëser kultureller Woch ausprobéiert kënne ginn.

All weider Informatioune fannt dir op www.mimamu.lu.

Alles op ee Bléck

Wat?
Lëtzebuerger Lidder fir jonk an al.
Firwat?
Dir sidd interesséiert un engem Deel Lëtzebuerger Museksgeschicht a wëllt dës aktiv an der Klass austesten?
Wien?
All interesséiert Klassen aus dem EF. Et ass fir all Alter eppes dobäi.
Wou?
Bei iech an der Klass.